Saison 2018 – 2019

D’Rentrée hun mir hannert eis, an déi néi Saison steet och firun der Dier. Fir 2018 – 2019 hun mir direkt 5 Seniorsekippen ugemellt. Bei den Damen hun mir eng A an eng B Ekip. D’A-Ekip gett dest Joer vum Serge Logelin betreit. Hen ass en bekannten Trainer an Lëtzebuerg mat Stationen ennert annerem zu Beetebuerg an Miersch. Mir  begréissen och zwou néi Spillerinnen an der Black Frogs Famill. Dest sin d’Danielle Schares an d’Lejla Sajtovic. Eis B-Ekip geet an der 1. Divisioun vun den Ersatz-Ekippen an d’Rennen.

Och um Trainerposten vun den Hären A gouw et en Wiessel. Hei iwerhellt den Nigel Tolentinon den Zepter. Och hen huet schon Coaching Erfahrung zu Woltz an Bascharage. Den Tom Schaaf, den Thomas Roland an den Filipe Mota verstärken d’Ekip. Den Romain Beckers ass wéiderhin den Responsabelen vun der B- an der C-Ekip.

Demnächst: Eng Présentation vun eisen Jugendekippen, déi an der Saison 2018 – 2019 um Start sin.

Share

Traureg Nouvelle aus dem Basket

Mir hun de Moien déi traureg Nouvelle aus Kroatien kritt, daat eisen fréieren Coach Toni Ostojic no laanger Krankheet verstuerwen ass. Nodeems den Toni fir d’Saison 2013-2014 responsable fir Dammen- an Härenekipp war, huet en sech ab 2014-2015 just nach em d’Hären gekëmmert. Waerend der Saison 2015-2016 ass den Toni dun krank gin an huet sech an Kroatien zreckgezunn fir seng Krankheet ze bekämpfen.

Toni, mir waerten dech emmer als motivéierten Coach an virun allem als gudden Mensch an Frënd an Erennerung haalen!“

Share

REVIVAL PARTY 2018

Gewënner vun der Tombola sin:
3ten Prais: Nr 587 – Corbeille  vum dépositaire dos santos
2ten Prais: Nr 68 – 4 pizzen beim franco zu stegen
1ten Prais: Nr 229 – corbeille vum art di vin
 D’Gewënner sollen sech bis den 25.04.2018 op info@blackfrogs.lu mellen.
Merci un eis Sponsoren

 

Share

Weekend vum 21./22.Oktober

An der Jugend gouwen et 2 Défaiten an 1 Victoire per Forfait. Eis Cadets gewannen forfait well den Préizerdall seng Ekip zreckgezun huet. Déi Schieren Cadets kennen Domat aus der 4. an déi 3. Division stéigen. Eis Minis verléiren an mussen den Wee an eng Divisioun méi déiw untriedden. Eis Cadettes verléiren knapps mat 46 op 49 zu Hesper.
Eis Dames A verléiren onerwaard um Racing während d’Dames B no engem gudden 1. Véirel awer däitlech géint den Gréngewald verléiert.
Bei 3 Auswärtsmatcher gouwen et 2 Défaiten an 1 Victoire fir éis Hären. D’A-Ekip evrléiert zu Käerjeng mat 76 op 57. Seniors B gewannen zu Monnerech an d’C-Ekip verléiert zu Berbuerg.




Share

Erfollegräichen Tour an der Coupe

Eis 2 Seniors-Ekippen sin en Tour firun. D’Damen konnten sech kloer mat 89 – 49 géint d’Nitia vun Beetebuerg duerchsetzen.
D’Seniors hun sech méi schwéier gedoen. An engem intensiven Match kennen si awer d’Ekip vum Préizerdall, déi mat 10 Punkten Firsprong an den Match gang sin, mat 79 op 71 klappen. Erfir ze hiewen sin déi 44 Punkten vum Stefan.
Am nächsten Tour (1/8-Final) kruten mir 2mol d’Résidence vun Walfer zougeloust. An denen Heemmatcher kennen mir mat +10 an den Match goen.

Share

Matcher vum 14. an 15. Oktober

Erfollegräichen Weekend bei eisen Damen: d’Dames B gewannen hiren éischten Match am Préizerdall. Eis A-Ekip gewennt forfait géint den Kayldall, den seng Ekip zreckgezun huet. Net su schéin war et zu Mondorf: héi gin éis Hären däitlech enner. Eis Seniors B kennen allerdengs géint den Gréngewald gewannen, während d’Hären C sech dono muss knapps geschloen gin.

An der Jugend en gedeeltent Bild: während eis Cadettes géint Zolwer gewannen kennen, verléiren d’Minis géint d’Ekip vum Knapp däitlech an d’Cadets verléiren an engem turbulenten Match géint d’Etzella B.

Mir wellen iech drop hinwéisen dat an der Woch elo 2 Coupematcher sin: d’Hären spillen en Mettwoch am Dall géint den Rebound aus der Nat.3. An der Vergangenheet gouwen et héi emmer interessant Matcher. Den Géigner geet och nach mat 10 Punkten Avantage an den Match. Eis Damen spillen dann en Donneschden doheem géint Nitia.

Share

Weekend vum 07.10 an 08.10

Ugefangen mat enger däitlecher Victoire vun den Black Frogs. D’Cadets gewannen mat 100 op
33 géint Woltz. Bei den Meedercher ass et net esou gudd gelaaf: d’Cadettes verléiren zu Zolwer
an d’Filles Scolaires géint den Basket Esch.
Eis Damen vum Zoran konnten dann mat 74 op 51 hier éischt Victoire am 2ten Match vund eser
Saison féieren. D’Dames B verléiren allerdéngs géint d’Piraten aus dem Osten.
D’Seniors B verléiren knapp zu Hesper an éis C-Ekip op der Musel. D’Seniors A verléiren
doheem mat 64 – 90.

Share

Weekend vum 30.09 – 01.10

Um dueblen Weekend verléiren éis Seniors A zweemol. Fréides kennen d’Black Frogs doheem
géint den Telstar vun Hesper lang Zäit gudd mathaalen, ier se dann déi Hesper Kutsch am
läschten Véirel hun missen zéihen loossen. Um Sonndeg gouw et dann eng Défaite an der Fiels
géint en Favorit op den Opstieg.
Och éis Damen verléiren hiren éischten Match am Championnat géint den BC Mess mat 39 – 47.
Eis néi forméiert Dames B-Ekip verléiert doheem däitlec géint den Telstar.
Bei eisen Jugendekippen gouwen et 3 Défaiten. Während eis Cadets am Kordall mat 67 – 59 den
kiérzeren zéihen, verléiren éis Cadettes an éis Filles Scolaires doheem géint hiren Alterskollegen
aus dem Norden (Woltz resp. Klierf).

Share