Jugendekippen Saison 2018 – 2019
Nodeems mir iech éis Seniorsekippen fir déi néi Saison firgestallt hun, ass et elo un der Jugend. D’Jugend ass d’Zukunft vum Veräin an dofir gellt et des kontinuéirlech opzebauen.
Eis Cadettes gin gecoacht vum Aleksandar Petrovic. Si hun am éischten Tour vum Championnat leider all Match verluer. Am zweeten Tour no der Allerhellegenvakanz spillen si an der Divsioun 3.
Eis Fillettes, gecoacht vum Martine Kemp, hun en vun véier Matcher gewonn am éischten Tour. Desen awer relativ däitlech mat 55 op 15. Och si spillen am zweeten Tour an der Divisioun 3.
Eis Minis konnten en vun véier Matcher gewannen. Hei gellt ze bemierken, dat dest eng ganz néi Ekipp ass an nach mat e puer méi jonken Spiller un den Start geet. Hei ass och den Aleksandar Coach vun der Ekipp.
No der Vakanz fänkt dann och den Championnat vun den Poussins-Ekippen un. Héi schécken mir eng Poussins mixtes an eng Prépoussins an d’Rennen.
Foto Damenekipp
Vun lénks no riets
Ennen: Martine, Lejla, Anouk, Amra, Aida, Marie, Manon
Uewen: Jasmine, Danielle, Micky, Kelly, Lisa, Jasmine, Armanda, Michelle, Coach Serge Logelin
Saison 2018 – 2019
D’Rentrée hun mir hannert eis, an déi néi Saison steet och firun der Dier. Fir 2018 – 2019 hun mir direkt 5 Seniorsekippen ugemellt. Bei den Damen hun mir eng A an eng B Ekip. D’A-Ekip gett dest Joer vum Serge Logelin betreit. Hen ass en bekannten Trainer an Lëtzebuerg mat Stationen ennert annerem zu Beetebuerg an Miersch. Mir begréissen och zwou néi Spillerinnen an der Black Frogs Famill. Dest sin d’Danielle Schares an d’Lejla Sajtovic. Eis B-Ekip geet an der 1. Divisioun vun den Ersatz-Ekippen an d’Rennen.
Och um Trainerposten vun den Hären A gouw et en Wiessel. Hei iwerhellt den Nigel Tolentinon den Zepter. Och hen huet schon Coaching Erfahrung zu Woltz an Bascharage. Den Tom Schaaf, den Thomas Roland an den Filipe Mota verstärken d’Ekip. Den Romain Beckers ass wéiderhin den Responsabelen vun der B- an der C-Ekip.
Demnächst: Eng Présentation vun eisen Jugendekippen, déi an der Saison 2018 – 2019 um Start sin.
Traureg Nouvelle aus dem Basket
Mir hun de Moien déi traureg Nouvelle aus Kroatien kritt, daat eisen fréieren Coach Toni Ostojic no laanger Krankheet verstuerwen ass. Nodeems den Toni fir d’Saison 2013-2014 responsable fir Dammen- an Härenekipp war, huet en sech ab 2014-2015 just nach em d’Hären gekëmmert. Waerend der Saison 2015-2016 ass den Toni dun krank gin an huet sech an Kroatien zreckgezunn fir seng Krankheet ze bekämpfen.
Toni, mir waerten dech emmer als motivéierten Coach an virun allem als gudden Mensch an Frënd an Erennerung haalen!“
Trainingsplang
Den neien Trainingsplang ass online! Kuck hei
Weekend vum 21./22.Oktober
An der Jugend gouwen et 2 Défaiten an 1 Victoire per Forfait. Eis Cadets gewannen forfait well den Préizerdall seng Ekip zreckgezun huet. Déi Schieren Cadets kennen Domat aus der 4. an déi 3. Division stéigen. Eis Minis verléiren an mussen den Wee an eng Divisioun méi déiw untriedden. Eis Cadettes verléiren knapps mat 46 op 49 zu Hesper.
Eis Dames A verléiren onerwaard um Racing während d’Dames B no engem gudden 1. Véirel awer däitlech géint den Gréngewald verléiert.
Bei 3 Auswärtsmatcher gouwen et 2 Défaiten an 1 Victoire fir éis Hären. D’A-Ekip evrléiert zu Käerjeng mat 76 op 57. Seniors B gewannen zu Monnerech an d’C-Ekip verléiert zu Berbuerg.