Um dueblen Weekend verléiren éis Seniors A zweemol. Fréides kennen d’Black Frogs doheem
géint den Telstar vun Hesper lang Zäit gudd mathaalen, ier se dann déi Hesper Kutsch am
läschten Véirel hun missen zéihen loossen. Um Sonndeg gouw et dann eng Défaite an der Fiels
géint en Favorit op den Opstieg.
Och éis Damen verléiren hiren éischten Match am Championnat géint den BC Mess mat 39 – 47.
Eis néi forméiert Dames B-Ekip verléiert doheem däitlec géint den Telstar.
Bei eisen Jugendekippen gouwen et 3 Défaiten. Während eis Cadets am Kordall mat 67 – 59 den
kiérzeren zéihen, verléiren éis Cadettes an éis Filles Scolaires doheem géint hiren Alterskollegen
aus dem Norden (Woltz resp. Klierf).