An der Ouschtervakanz huet den Coach Romain Beckers eis Jugendspiller op en Camp invitéiert. Iwert puer Deeg konnten déi jonk Talenter hier Fähegkeeten weiderentweckelen. Och en Mettegiessen ass vum Verain offréiert gin.
D’Saison 2016 – 2017 geet su lues zu Enn. Dofir kucken mir eis kuerz den aktuellen Stand vun éisen Ekippen un.
Minis: Eis Minis hun 5 vun hiren läschten 7 Mätcher gewonn an stin aktuell op enger Opstiegsplatz. Wéider sou! Et bleiwt nach en Mätch ze spillen. – Cadettes. D’Ekip vum Sébastien Lemmer huet bis elo 2 Mätcher am läschten Tour vun deser Saison gewonn. Hei stin nach 2 Matcher aus. – Cadets. Den läschten Tour vun den Cadets verleeft duerchwuessen. 3mol gewonn an 4mol verluer bei engem Mätch den nach ze spillen bleiwt.
Dames: Eis Damen hun desen Weekend den läschten Mätch gespillt. Si hun hiert Ziel, an der 2. Divisioun ze bléiwen erreecht. Si konnten 5 vun den läschten 10 Mätcher gewannen an konnten sou den Klassenerhalt féiren. Félictiatiounen! –
Seniors C: Eis C-Ekip steet op der drëttläschter Platz an der 3. Divisioun. Et bléiwt hei nach 1 Mätch ze spillen.
Seniors B: An der 2. Divisioun ass et ganz spannend. Hei sin gläich méi Ekippen punktgläich an et kennt op den läschten Mätch un, op si och an der nächster Saison an der 2. Divisioun kennen spillen.
Seniors A: Eiser Hären A-Ekip bleiwen nach 2 Mätcher ze spillen. Allerdéngs ass et just nach rechnerech méiglech dat si kennen stéigen. Et gesäit su aus als géingen Mondorf an Woltz an déi Nationale 2 stéigen.
Op desem Weekend gouwen et nemmen Heemmatcher fir d’Black Frogs. Firun eegenem Public mussen sech éis Damen an Hären geschloen gin. Den Damen vum Gréngewald, déi bis dohin réischt en Match am Championnat verluer hun, hun éis schwärz Fräschinnen alles oofverlangt. Obwuel den Géigner als haushéischen Favorit ungetrueden ass, konnten si sech just knapps mat 51 – 54 duerchsetzen. Eis Hären hun mat enger schwacher Leeschtung enttäuscht an verléiren verdéngt mat 68 – 78 géint d’East Side Pirates.
Am Reserve-Championnat ass éiser B-Ekip eng Iwerraschung gelongen: si konnten géint den ongeschloen Tabellen-Leader Sparta mat 100 – 76 gewannen. Éis C-Ekip huet dun allerdéngs géint d’Pirates den Kierzeren mat 46 – 101 missen zéihen.
D’Minis konnten sech mat 60 – 21 géint hier Alterskollegen vun Wasserbelleg duerchsetzen. D’Cadettes verléiren géint den USH vun Hiefnech mat 53 – 72. Positiv ze bewerten ass d’Victoire vun den Cadets géint den groussen Traditionsveräin vun Diddeléng. D’Black Frogs gewannen in extremis mat 42 – 40 géint den T71.
Op desem Weekend sin dun all eis Ekippen rem am Asaatz gewiecht. Ugefangen an der Jugend: Hei hun eis Minis missen forfait winst Mangel un Spiller erklären. Eis Cadettes mussen sech mat 2 Punkten an engem denkbar knappen Match am Préizerdall geschloen gin. 42 – 40 ass den Score um Schluss. Och éis Cadets gin an engem schwachen Match mat 74 – 51 als Verléirer zu Zolwer vum Terrain.
Éis 2t Ekip gewennt mam selwechten Score (74 – 51) zu Miersch. Mat enger starker Teamleeschtung gewennt och éis éischt Härenekip zu Mamer mat 42 – 64 zu Mamer. Eis Damenekip geet allerdéngs däitlech mat 63 – 29 zu Bartréng enner.
Um Schluss vum Dezember hun éis dräi Jugendekippen (Cadettes, Minis, Cadets) déi am offiziellen FLBB-Championnat ageschriwen sin, 2 Phasen gespillt. Héi wollten mir dann en klengen Bilan an en Ausbleck maachen: Ugefang mat den Cadettes: D’Ekip vum Sébastien Lemmer huet an der 3. Divisioun ugefang an konnt do an der éischter Phase 3 Matcher gewannen an 2 verléiren. Demno sin si an deser Divisioun bliwwen, allerdengs konnt an der zweeter Phase just nach en vun 4 Matcher gewonnen gin. An der läschter Phase vum Championnat (vun Januar bis Mee) spillen si am Aller-Retour-Modus géint den Préizerdall, Hiefnech, Sparta B, Zolwer an d’Ekip vun Zesummen Aktiv. An der Coupe haaten si kéng Chance an gin vum Préizerdall éliminéiert. Eis Minis-Ekip war am Ufank vun der Saison 2016-2017 néi ugemellt gin an hun missen an der 6. an läschter Divisioun ufänken. Héi hun si an der ésichter Phase 2 Matcher gewonn an 2 verluer. Domat konnt dem Martine Kemp séng Ekip an déi 5. Divisioun stéigen. Héi ass den Bilan der 2. Phase ganz ausgeglach: 2mol gewonn, 2mol verluer an enmol gläichgespillt. An der läschter Phase treffen si op d’Alterskollegen vun Beetebuerg, Wasserbelleg, Mamer B an Mondorf. Erfirzehiewen bléiwt dat éis Minis-Ekip eng mixte Ekip mat Jongen an Meedercher ass an meeschtens géint reng Jongenekippen spillt. Eis Cadets-Ekip huet an der 4. Divisioun ugefang an héi allen 4 Matcher vum éischten Tour gewonn. Domat sin si an déi 3. Divisioun gestiegen. Héi gouwen et am 2. Tour 2 Victoiren an 2 Défaiten. Si spillen demno déi läschten Phase an der 3. Divisioun an héi trefft d’Ekip vum Bob Hirt op d’Traditiounsveräiner vun Zolwer, Diddeleng, Racing an Miersch. An der coupe de Luxembourg haat d’Ekip allerdéngs keng Chance géint Sparta, déi wuel beschten Ekip an deser Kategorie am Grand-duché. Mir wenschen all eisen Jugendekippen eng gudd Gesondheet an bonne chance an hieren Matcher am Joer 2017.
Um Fréideg 23. Dezember huet den BBC Black Frogs dann nach eng Kéier an d’Buvette invitéiert fir d’Kreschtdeeg anzeleeden. Am Kader vum Quiz’mas, hun 20 Ekippen d’Champions am Allgemeng-Wessen gesicht. 60 Froen an 10 verschidden Kategorien gouwen gestallt an gewannen konnt wéi déi Editioun firdrun „BVB 2“. Präisser gouwen gestallt vun éisen Sponsors (Chocolate House, Bodega Stegen, Restaurant La Passerelle an restaurant Um Bloen Eck). Héi nach eng Kéier en Merci un all d’Ekippen an d’Sponors fir den flotten Owend.
Um Weekend vum 17. an 18. Dezember sin eis Ekippen fir déi läscht Matcher am Kalennerjoer 2016 ugetrueden. Eis Minis klappen d’Musel Pikes B mat 54 – 29 an d’Cadets gewannen an engem spannenden Match 83 – 80 géint Sparta B. D’Cadettes gewannen och hieren Match zu Zolwer mat 50 op 41. Manner gudd ass et am Seniorsberäich gang: d’Reservenekippen (Seniors B an C) verléiren zu Mamer an doheem géint Mess. D’Seniors A mussen sech am läschten Championnatsmatch 2016 zu Mondorf mat 89 op 82 geschloen gin. Dräi Deeg dono spillen si géint déi selwecht Ekip an der Coupe FLBB. Och héi verléiren si 77 op 71 an domat ass d’Aventure Coupe riwer.
Eis 2 Seniors-Ekippen hun desen Weekend den Déplacement op Berbuerg gemeet an hei hun d’Damen an engem spannenden Match mat 51 – 45 géint d’Piraten den Kierzeren gezun. Besser ass et dogéint bei den Hären gangen: Si konnten sech mat 44 – 72 duerchsetzen. Eis Reserve-Ekippen hun zwou Défaiten missen astiechen: d’B-Ekip verléiert zu Contern an d’C-Ekip zu Esch. Eis Cadettes hun géint hoer Alterskollegen vun Hesper verluer. D’Cadets haaten zu Walfer keng Chance an d’Résidence gewennt demno mat 90 – 47. Dem Martine Kemp seng Minis-Ekip spillt zu Bascharage gläich (44 – 44). Um Weekend vum 17. an 18. Dezember sin dann déi läscht Championnats-Matcher vum Kalennerjoer 2016. Mir wellen iech awer och drun erenneren dat éis Seniors A-Ekip en Densdeg 20. Dezember nach an der Coupe FLBB zu Mondorf untrett.