Um Fréideg 23. Dezember huet den BBC Black Frogs dann nach eng Kéier an d’Buvette invitéiert fir d’Kreschtdeeg anzeleeden. Am Kader vum Quiz’mas, hun 20 Ekippen d’Champions am Allgemeng-Wessen gesicht. 60 Froen an 10 verschidden Kategorien gouwen gestallt an gewannen konnt wéi déi Editioun firdrun „BVB 2“. Präisser gouwen gestallt vun éisen Sponsors (Chocolate House, Bodega Stegen, Restaurant La Passerelle an restaurant Um Bloen Eck). Héi nach eng Kéier en Merci un all d’Ekippen an d’Sponors fir den flotten Owend.
Läscht Matcher vum Joer 2016
Um Weekend vum 17. an 18. Dezember sin eis Ekippen fir déi läscht Matcher am Kalennerjoer 2016 ugetrueden. Eis Minis klappen d’Musel Pikes B mat 54 – 29 an d’Cadets gewannen an engem spannenden Match 83 – 80 géint Sparta B. D’Cadettes gewannen och hieren Match zu Zolwer mat 50 op 41. Manner gudd ass et am Seniorsberäich gang: d’Reservenekippen (Seniors B an C) verléiren zu Mamer an doheem géint Mess. D’Seniors A mussen sech am läschten Championnatsmatch 2016 zu Mondorf mat 89 op 82 geschloen gin. Dräi Deeg dono spillen si géint déi selwecht Ekip an der Coupe FLBB. Och héi verléiren si 77 op 71 an domat ass d’Aventure Coupe riwer.
Weekend vum 10. an 11. Dezember
Eis 2 Seniors-Ekippen hun desen Weekend den Déplacement op Berbuerg gemeet an hei hun d’Damen an engem spannenden Match mat 51 – 45 géint d’Piraten den Kierzeren gezun. Besser ass et dogéint bei den Hären gangen: Si konnten sech mat 44 – 72 duerchsetzen. Eis Reserve-Ekippen hun zwou Défaiten missen astiechen: d’B-Ekip verléiert zu Contern an d’C-Ekip zu Esch. Eis Cadettes hun géint hoer Alterskollegen vun Hesper verluer. D’Cadets haaten zu Walfer keng Chance an d’Résidence gewennt demno mat 90 – 47. Dem Martine Kemp seng Minis-Ekip spillt zu Bascharage gläich (44 – 44). Um Weekend vum 17. an 18. Dezember sin dann déi läscht Championnats-Matcher vum Kalennerjoer 2016. Mir wellen iech awer och drun erenneren dat éis Seniors A-Ekip en Densdeg 20. Dezember nach an der Coupe FLBB zu Mondorf untrett.
Weekend vum 3. / 4. Dezember
Bei eisen Jugendekippen gouwen et desen Weekend 2 Défaiten: d’Minis verleiren däitlech mat 34 op 94 géint Saarlouis an d’Cadettes mat 48 – 62 géint d’Piraten vun Wasserbelleg/Berbuerg.
Bei den Reservenekippen gouw et jeweils en positivt an en negativt Resultat: d’C-Ekip verléiert géint den Staater Racing an d’B-Ekip gewennt denkbar knapps mat 85 op 80 géint Hiefnech.
Eis Seniors-Ekippen waren doheem géint Kielen am Asaatz. Eis Damen hun sech missen mat 50 op 59 geschloen gin. Dono haten eis Hären e bessen méi Chance: als éischt konnten si sech mat engem glécklechen Dräier in extremis an d’Verlängerung retten, ier si an den 5 Extra-Minuten hieren Géigner schlussendlech mat 85 op 78 konnten klappen.
Weekend vum 26./27. November
Eis zwou Seniors-Ekippen hun sech op den Wee Richtung Woltz gemeet an sin allerdengs mat eidelen Hänn aus dem Norden remkomm. Eis Damen verléieren 58 – 38 an d’Hären an engem offensive-schwachen Match 54 – 41. Net besser geséit den Bilan bei den Reserve-ekippen aus: Seniors B verléiert 61 – 79 géint de Gréngewald an och d’Seniors C muss eng Défaite géint den Telstar anstiechen.
Och éis Jugendekippen konnten net gewannen: d’Minis verléiren mam knappst méiglechen Ennerscheed 43 – 44 géint Mondorf an och d’Serie vun den Cadets ass no 5 Victoiren desen Weekend géint den Racing gerass. Si verléiren 64 – 69.
Weekender vum 12./13. an 19./20. November
An der Coupe de Luxembourg haten eis Damen keng Chance géint den aktuellen Landesmeeschter aus dem Äerdbierduerf vun Steesel: si verléiren trotz 10 Punkten Firsprong mat 37 op 84. Am Championnat hun si sech dann um Gréngewald mat 50 – 27 an eng Woch méi spéit doheem géint Zolwer an engem enken Match mat 86 – 89 geschloen gin.
Eis Seniors Hären konnten sech mat 66 – 53 doheem géint Mamer duerchsetzen. D’B-Ekip ass zweemol als Verléirer vum Terrain gang: si verléiren géint Etzella B an Kordallsteelers B. Net besser ass et der C-Ekip gangen, déi géint Kayl B an Sparta C verléiert.
Besser ass et béi den Cadets gangen: si setzen hier Siegesserie am Championnat fort an gewannen zum Schluss däitlech mat 44 – 73 um Gréngewald. Allerdengs sin och si an der coupe géint d’Sparta rausgeflun.
Hier weiblech Alterskolleginnen verléiren am Championnat géint Steesel an an der Coupe géint den Préizerdaul.
Éis Minis- Ekip konnt awer hieren Match knapps mat 37 op 39 géint den BC Mess gewannen.
An engems wellen mir iech schon op eisen Event am Dezember opmierksam maachen: den QUIZmas um Fréideg, 23. 12. Weider Informatiounen kommen demnächst hei.
Changement vum Trainingsprogramm
Wéi all Joers, mussen mir den Trainingsprogramm am Wanter e bessen upassen, well och Fussballsekippen an d’Haal trainéiren kommen. Dofir gellt ab elo an bis d’Fuesvakanz, folgenden Trainingsprogramm:
Weekend 12-13.11.2016
Op engem Match wou just eis Seniors Ekippen am Asaatz waren, konnten eis Hären sech denkbar knapp mat 57 – 62 zu Käl duerchsetzen. Eis Damen hun doheem missten eng Néierlaag astiechen: si verléiren 58 op 81 géint d’Sparta vun Bartréng.
Den nächsten Weekend stin dann d’Jugend-Coupematcher an folgend Seniorsmatcher um Programm:
- Samsdes, 18h45, Cadets Schieren – Sparta
- Samsdes, 20h30, Seniors A Schieren – Mamer
- Samsdes, 18h30, Seniors B Kordall – Schieren
- Samsdes, 18h00, Seniors C Käl – Schieren
- Sonndes, 14h00, Cadettes Préizerdaul – Schieren
- Sonndes, 15h00, Dames Gréngewald – Schieren
Mir erenneren och drun, dat eis Damen op desem Donneschden 10. November an der Coupe doheem géint Miersch spillen.
Weekend 29-30.10.2016
Um Samsden, 29. Oktober, huet den Comité vun den Black Frogs en Schnupperdag organiséiert fir jonk Léit fir den Basket ze motivéiren. 13 Kanner sin desem Opruff no komm an hun bei den Aktivitéiten ab 10h00 moies mat Begeeschterung matgemeet. Mir hoffen si dann demnächst an enger vun eisen Jugendekippen kennen remzegesin.
Während eis Jugendekippen desen Weekend spillfräi wäeren, wäeren eis 4 Seniorsekippen am Asaatz. Ugefang mat den Damen: si verléiren doheem 51 – 65 géint den BC Mess. Eis Hären haten keng Chance géint d’Avanti Mondorf, si mussen sech mat 62 – 91 geschloen gin. Eng Défaite an eng Victoire gouw et dann um Sonndeg zu Schieren fir d’Lokalekipp: d’Seniors B verléiren mat 66 – 70 géint den Telstar an eis Seniors C gewannen mat 68 – 60 géint Woltz B.
Firun geet et dann elod esen Weekend mat just zwee Matcher: éis Damen spillen um 18h30 doheem géint d’Sparta vun Bartreng an éis Hären fueren en Samsdeg op Käl.v




