Bilan Jugendekippen

Um Schluss vum Dezember hun éis dräi Jugendekippen (Cadettes, Minis, Cadets) déi am offiziellen FLBB-Championnat ageschriwen sin, 2 Phasen gespillt. Héi wollten mir dann en klengen Bilan an en Ausbleck maachen: Ugefang mat den Cadettes: D’Ekip vum Sébastien Lemmer huet an der 3. Divisioun ugefang an konnt do an der éischter Phase 3 Matcher gewannen an 2 verléiren. Demno sin si an deser Divisioun bliwwen, allerdengs konnt an der zweeter Phase just nach en vun 4 Matcher gewonnen gin. An der läschter Phase vum Championnat (vun Januar bis Mee) spillen si am Aller-Retour-Modus géint den Préizerdall, Hiefnech, Sparta B, Zolwer an d’Ekip vun Zesummen Aktiv. An der Coupe haaten si kéng Chance an gin vum Préizerdall éliminéiert. Eis Minis-Ekip war am Ufank vun der Saison 2016-2017 néi ugemellt gin an hun missen an der 6. an läschter Divisioun ufänken. Héi hun si an der ésichter Phase 2 Matcher gewonn an 2 verluer. Domat konnt dem Martine Kemp séng Ekip an déi 5. Divisioun stéigen. Héi ass den Bilan der 2. Phase ganz ausgeglach: 2mol gewonn, 2mol verluer an enmol gläichgespillt. An der läschter Phase treffen si op d’Alterskollegen vun Beetebuerg, Wasserbelleg, Mamer B an Mondorf. Erfirzehiewen bléiwt dat éis Minis-Ekip eng mixte Ekip mat Jongen an Meedercher ass an meeschtens géint reng Jongenekippen spillt. Eis Cadets-Ekip huet an der 4. Divisioun ugefang an héi allen 4 Matcher vum éischten Tour gewonn. Domat sin si an déi 3. Divisioun gestiegen. Héi gouwen et am 2. Tour 2 Victoiren an 2 Défaiten. Si spillen demno déi läschten Phase an der 3. Divisioun an héi trefft d’Ekip vum Bob Hirt op d’Traditiounsveräiner vun Zolwer, Diddeleng, Racing an Miersch. An der coupe de Luxembourg haat d’Ekip allerdéngs keng Chance géint Sparta, déi wuel beschten Ekip an deser Kategorie am Grand-duché. Mir wenschen all eisen Jugendekippen eng gudd Gesondheet an bonne chance an hieren Matcher am Joer 2017.

Share