Saison 2018 – 2019

D’Rentrée hun mir hannert eis, an déi néi Saison steet och firun der Dier. Fir 2018 – 2019 hun mir direkt 5 Seniorsekippen ugemellt. Bei den Damen hun mir eng A an eng B Ekip. D’A-Ekip gett dest Joer vum Serge Logelin betreit. Hen ass en bekannten Trainer an Lëtzebuerg mat Stationen ennert annerem zu Beetebuerg an Miersch. Mir  begréissen och zwou néi Spillerinnen an der Black Frogs Famill. Dest sin d’Danielle Schares an d’Lejla Sajtovic. Eis B-Ekip geet an der 1. Divisioun vun den Ersatz-Ekippen an d’Rennen.

Och um Trainerposten vun den Hären A gouw et en Wiessel. Hei iwerhellt den Nigel Tolentinon den Zepter. Och hen huet schon Coaching Erfahrung zu Woltz an Bascharage. Den Tom Schaaf, den Thomas Roland an den Filipe Mota verstärken d’Ekip. Den Romain Beckers ass wéiderhin den Responsabelen vun der B- an der C-Ekip.

Demnächst: Eng Présentation vun eisen Jugendekippen, déi an der Saison 2018 – 2019 um Start sin.

Share