Saison 2016-2017 ass riwer, me d’Planungen fir déi néi Saison sin schon op Héischtouren. Sou kennen mir vermelden dat den Zoran Jovicic fir eng weider Saison den Coach vun eiser Damenekip bleiwt.
Op der Trainerbänk vun den Hären gett et allerdéngs en Changement: Den Tom Steichen hällt no 3 Joer aus fräien Stécker op. Ersatz ass mam Nikolaos Kontos och schon fonnt gin. Desen erfuerenen Trainer (FIBA-schäin, Trainerstatiounen hei am Land ennert annerem zu Walfer an op der Mess, sou wéi am Ausland) brengt neien Wand bei eis Seniors A. An engems ass en den Trainer vun eisen Cadets. En vun den Zieler ass et och éis jonk Nowuesspiller un den Eischt-Ekips-Kader ze féieren.
Den Tom Steichen bleiwt éis awer an der Funktion vum Teammanager vun den Damen an Hären erhaalen.
Demnächst haalen mir iech och iwer Changementer an den jewéilegen Kaderen um Laafenden.