Ugefangen mat enger däitlecher Victoire vun den Black Frogs. D’Cadets gewannen mat 100 op
33 géint Woltz. Bei den Meedercher ass et net esou gudd gelaaf: d’Cadettes verléiren zu Zolwer
an d’Filles Scolaires géint den Basket Esch.
Eis Damen vum Zoran konnten dann mat 74 op 51 hier éischt Victoire am 2ten Match vund eser
Saison féieren. D’Dames B verléiren allerdéngs géint d’Piraten aus dem Osten.
D’Seniors B verléiren knapp zu Hesper an éis C-Ekip op der Musel. D’Seniors A verléiren
doheem mat 64 – 90.
Weekend vum 30.09 – 01.10
Um dueblen Weekend verléiren éis Seniors A zweemol. Fréides kennen d’Black Frogs doheem
géint den Telstar vun Hesper lang Zäit gudd mathaalen, ier se dann déi Hesper Kutsch am
läschten Véirel hun missen zéihen loossen. Um Sonndeg gouw et dann eng Défaite an der Fiels
géint en Favorit op den Opstieg.
Och éis Damen verléiren hiren éischten Match am Championnat géint den BC Mess mat 39 – 47.
Eis néi forméiert Dames B-Ekip verléiert doheem däitlec géint den Telstar.
Bei eisen Jugendekippen gouwen et 3 Défaiten. Während eis Cadets am Kordall mat 67 – 59 den
kiérzeren zéihen, verléiren éis Cadettes an éis Filles Scolaires doheem géint hiren Alterskollegen
aus dem Norden (Woltz resp. Klierf).
Basket-Schnupperdaag 2017
Den BBC Black Frogs Schieren organiséiert en Schnupperdag fir jonk Léit fir den Basket ze begeeschteren. Wanns du Loscht hues, Basket eng Kéier auszeprobéiren, dann komm einfach Sonndes, den 22. Oktober op Schieren luussen! Kollegen, Frendinnen, Schwester an Brudder kanns du natirlech och gäer matbrengen.
Wini? Sonndes, den 22. Oktober 2017 vun 14:00 bis 15:30
Wou? Zu Schieren an der Sportshaal
Wat matbrengen? Turnschlappen an bequem Kleeder fir Sport ze maachen
Fir ween? Jiddereen ass wellkom an et ass gratis
D’ Eltern kennen och roueg matkommen. Fir si ass d’Buvette op, wou fir eng Taass Kaffi, Gedrenks oder en Snack gesuergt ass. No den sportlechen Aktivitéiten stin d’Traineren bereed fir äer eventuell Froen ze beäntweren. Mir géiwen eis iwert däin Besuch freen!
D’Jugendcommissioun vum BBC Black Frogs Schieren
ZUM EVENT
Flyer-Schnupperdag-2017
Mätcher vum 23./24. September
Während eis Damen op desem éischten Spilldag spillfräi waren, hun éis Hären géint en vun den Opstiegskandidaten, d’Kordall Steelers, hiren éischten Mätch an der Nationale 2 däitlech mat 88 – 51 verluer. Och éisen Seniors B an C-Ekippen sollt et net besser goen, si verléiren zu Déifferdéng resp. zu Käl. Och éis néi Dames B-Ekip verléiert doheem géint d’Musel Pikes mat 37 – 72.
Béi éisen Jugendekippen gin et 2 Défaiten an eng Victoire. D’Cadettes gewannen zu Beggen géint d’Ekip vun Zesummen Aktiv, während éis Minis zu Beetebuerg, resp. éis Filles Scolaires zu Steesel däitlech verléiren.
Ennert dem Strech also keen gudden Weekend fir d’Black Frogs. Nächsten Weekend geet et besser. Allez Schieren!
Frendschaftsmatcher bei den Seniors an éischt offiziell Matcher bei den Jugendekippen
Ugefang mat den Damen: Eis Seniors Dames B haaten en Sonndeg de Nowend zu Schieren en Frendschaftsmatch mat 28 – 69 géint den Préizerdall verluer. Eis Hären gewannen hirersäits knapps zu Woltz.
Bei den Jugendekippen stoung den éischten Tour vun der Coupe um Programm. Eis Minis verléiren hei zu Schieren géint Hesper. Eisen Cadets geléngt et awer hier Hesper Alterskollegen mat 78 – 59 ze klappen an kommen sou en Tour an der Coupe firun.
Desen Weekend fänken dann och bei allen Ekippen d’Championnat un:
Samsdeg:
– Minis um 15h15 zu Beetebuerg
– Dames B um 18h30 zu Schieren géint Musel Pikes
– Seniors B um 18h30 zu Déifferdeng
– Seniors A um 20h30 zu Déifferdeng
Sonndeg:
– Seniors C um 18h zu Kayl
– Filles Scolaires um 15h zu Beggen géint ZAK
– Cadettes um 16h zu Steesel
Hinnen wenschen mir alleguer bonne Chance!!!
Saison 2017 – 2018 (Part 2)
An engem zweeten Deel wellen mir iech eng Prévisioun fir déi néi Saison bei den Seniors gin:
Néi dest Joer ass, dat mir eng Dames B ugemellt hun. Wéiderhin hun mir och nach eng Hären B an C, déi an der 2. resp. an der 3. Divisioun wärten spillen.
Bei éiser Dames A-Ekip gin et kleng Changementer: vun Ettelbreck kommen Denisa Latic an d’Manon Schroeder éis Ekip verstärken. Hei gett et firun allem am Modus vum Championnat eng Verännerung: d‘Nationale 2 an d‘Nationale 3 gouwen zesummengeluecht, sou dat et elo am Letzebuerger Damen-Championnat just nach 2 Divisiounen gin. Eis Damen probéiren an der néier Nationale 2 uewen matzespillen.
Eis Hären A spillen géint all Erwardungen an der Nationale 2. Obwuel si als 3. den sportlechen Opstieg net gepackt hun, kennen si vum Reckzéier vun Woltz profitéiren an rem an der 2. hächster Letzebuerger Divisioun untrieden. Dest allerdéngs enner schwiergen Viraussetzungen. Well mir doriwer réischt Mett August an Kenntnis gesaat gin sin, mussen mir elo anescht plangen wéi firgesin. D’Ziel kann also nemmen den Klassenerhalt sin. Och héi gouwen et Changementer: den Rui Brito an den Dan Kemp stin der éischter Ekip net méi zur Verfügung, den Dylan Rocha verléisst éis Richtung Fiels an den Anthony Grüneisen Richtung Mamer. Mir wenschen hinnen bonne Chance bei hirem néien Challenge. Den Patrick Ribeiro verstärkt éis vun Woltz, den Nicolas Colbach steet no langer Verletzung rem zur Verfügung an den Manou Schirtz, den läscht Saison réischt spéit zur Ekip getraff ass, kann des Kéier déi ganz Saison matmaachen. Eis Seniors A hun dann och nach e puer Firbereedungsmatcher:
– Mettwoch, den 13. September zu Schieren géint den Préizerdall
– Samsdeg, den 16. September zu Woltz
– Mettwoch, den 20. September doheem géint Miersch
– Densdeg, den 26. September zu Mamer
Saison 2017 – 2018 (Part 1)
Déi néi Saison steet firun der Diir. Dofir wollten mir iech hei mol en klengen Firgeschmach gin. Ugefang mat éisen Jugendekippen:
Eis Butzen hun 1mol an der Woch Training, den vum Armanda an Patricia encadréiert gett.
Eis Prépoussins hun zwee néi Traineren: d’Michèle an den Philippe. Eis Poussins gin wéiderhin vum Nino trainéiert, souwéi och d’Minis vum Martine. Den Alexandre Petrovic ass responsable fir d’Filles Scolaires an d’Cadettes. Bei den Jongen ass den Nikolaos Kontos net nemmen Seniors A-Trainer, mee och Cadets-Trainer. Hen soll do lues awer secher déi jonk Schierener Spiller un déi éischt Ekip féiren.
Demno gin mir mat net manner wéi 6 Jugendekippen an dat néit Championnat, dat Enn September ufänkt. Dest wéist dat mir wéiderhin vill Wert op éis Jugendarbecht setzen.
Hei dann och den Trainingsprogramm, den bis den 1. November gülteg ass.
Horaire Entrainements 2017/18
Saison 2016-2017
Assemblée Générale Ordinaire 2017
Le Conseil d’administration du BBC Black Frogs Schieren a l’honneur de vous inviter à son
Assemblée Générale Ordinaire
qui aura lieu le vendredi, 14 juillet 2017 à 20h00
à la buvette du hall sportif à Schieren.
A l’ordre du jour de l’AG figurent les points suivants:
- Rapport d’activités de la saison 2016-2017
- Rapport sur les performances sportives des équipes et prévisions 2017-2018
- Rapport financier du trésorier
- Rapport des réviseurs de caisse
- Décharge du trésorier et du Conseil d’administration
- Election du Conseil d’administration (*)
- Discussion libre
Nous comptons vivement sur votre présence.
Avec nos salutations distinguées et sportives,
Le comité du BBC Black Frogs Schieren
(*) Les personnes souhaitant poser leur candidature pour le Conseil d’administration sont priées d’envoyer leur candidature à john.hilger@me.com ou de la présenter lors de l’AG.