Autor: Mike Rocha

Weekend 29-30.10.2016

Um Samsden, 29. Oktober, huet den Comité vun den Black Frogs en Schnupperdag organiséiert fir jonk Léit fir den Basket ze motivéiren. 13 Kanner sin desem Opruff no komm an hun bei den Aktivitéiten ab 10h00 moies mat Begeeschterung matgemeet. Mir hoffen si dann demnächst an enger vun eisen Jugendekippen kennen remzegesin.

Während eis Jugendekippen desen Weekend spillfräi wäeren, wäeren eis 4 Seniorsekippen am Asaatz. Ugefang mat den Damen: si verléiren doheem 51 – 65 géint den BC Mess. Eis Hären haten keng Chance géint d’Avanti Mondorf, si mussen sech mat 62 – 91 geschloen gin. Eng Défaite an eng Victoire gouw et dann um Sonndeg zu Schieren fir d’Lokalekipp: d’Seniors B verléiren mat 66 – 70 géint den Telstar an eis Seniors C gewannen mat 68 – 60 géint Woltz B.

Firun geet et dann elod esen Weekend mat just zwee Matcher: éis Damen spillen um 18h30 doheem géint d’Sparta vun Bartreng an éis Hären fueren en Samsdeg op Käl.v

Share

Weekend vum 22./23. Oktober an Coupe-Match

Fir eis Damen an Hären stoungen Heemmatcher géint d’East Side Pirates um Programm. Während sech d’Hären mat 68 – 48 konnten duerchsetzen, mussen eis Damen sech mat 57 – 59 geschloen gin. Den Piraten geléngt en Buzzer Beater wou mat si als Gewenner vum Terrain konnten goen. Fir éis Reserve-Ekippen gin et zwou Défaiten: d’B-Ekip gett zu Bartreng vun enger jonker an dynamescher Ekip iwerrannt an éis Seniors C zéien zu Wasserbelleg géint d’B-Ekip vun den Piraten den Kiérzeren.

Béi éisen Jugendekippen gouwen et zwou Victoiren an eng Défaite: eis Cadets klappen hier Alterskollegen vun Woltz an bléiwen weider ongeschloen. Si stéigen domadder an déi 3. Divisioun op. Och éis Cadettes gewannen mat 50 op 59 géint d’Ekip vum ZAK. Eis Minis steigen trotz enger Défaite géint Saarlouis an déi 5. Divisioun op. Félicitatiounen un éis Jugendekippen!

Um Mettwoch ass et dann zu Schieren zu der 1/16-Final an der Coupe de Luxembourg komm: éis Hären verléiren héi géint eng Ekip vun Woltz déi mat zwee Non-JICL’en ugetrueden ass. D’Aventure Coupe ass soumad zu Enn. Eis Damen kruten déi Steeseler Damen zougeloust. Géint déi aktuell wuel beschten Damen-Ekip aus dem Grand-duché wier en Weiderkommen eng Iwerraschung.

Um Weekend vum 29./30. Oktober stin dann nach folgend Matcher um Programm, déi alleguerten doheem gespillt gin: um Samsdeg spillen d’Damen um 18h30 géint den BC Mess an d’Seniors A géint Mondorf um 20h30. Um Sonndeg spillt d’C-Ekip um 14h30 géint d’B-Ekip vun Woltz an um 16h00 éis B-Ekip géint den Telstar vun Hesper.

Mir wellen och nach enmol un éisen Schnupperdag en Samsdeg de Moien um 10h00 erenneren.

Share

Matcher vum 15. an 16. Oktober

Zwou Défaiten gouwen et fir éis Seniors-Ekippen zu Kiehlen: als éischt verléiren éis Damen mat 49 op 69, ier och éis Hären sech mat 62 op 67 mussen geschloen gin.

Fir éis Jugend-Ekippen ass et besser gelaaf: als éischt iwerrennen éis Minis hier Noperen vun Diekrech mat 77 op 19, ier éis Cadettes no zwou Verlängerungen géint hier Alterskollegen vun Steesel kennen gewannen.

Desen Weekend war et och den Start an déi néi Saison fir d’Championnat vun den Reservenekippen. Hei konnten déi schwärz Fräschen eng Victoire anféiren an hun sech enmol missen geschloen gin: éis Seniors B-Ekip gewennt an der zweeter Division mat 54 op 52 géint d’B-Ekip vun Miersch. An der 3. Division verléiert éis Seniors C géint d’B-Ekip vun Beetebuerg.

Hei dann den Programm vum nächsten Weekend:

  • Doheem spillen en Samsden :
    • Cadets um 16h vs Woltz
    • Dames um 18h30 vs East Side Pirates
    • Seniors A um 20h30 vs East Side Pirates
  • Op d’Rees gin folgend Ekippen:
    • Seniors B, Sonndeg 19h zu Bartreng
    • Seniors C, Samsdeg 19h30 zu Wasserbelleg
    • Minis, Samsdeg um 16h30 zu Stadtbredimus
    • Cadettes, Samsdeg um 15h um Kiem
Share

Flüchtlingsdag an éischt Heemmatcher vun éisen Seniors-Ekippen

Um Samsden, 8. Oktober, hun d’Black Frogs d’Réfugién aus dem Foyer Ettelbreck op en klengen Training fir d’Kanner an eng interkulturell Rencontre invitéiert. Am Firaus hun d’Membren vum Schierener Basket Sportsgezéi an Turnschlappen gespend. Hei nach eng Kéier en decken Merci vum Comité.

Insgesamt hun 12 Kanner um sportlechen Deel matgemeet. 4 Coachen resp. Seniors-Spiller hun sech em den Spass an der Haal gekemmert an d’Kanner waren mat vill Freed um Ball. Dono huet den Comité den Kanner an hieren Eltern Uebst verdeelt, wat mir vum Cactus offréiert kruten, an hinnen Kniddelen gekacht. Hei waren eng 30 Léit präsent. Géint 18h hun sech d’Réfugién verabschied an awer gesoot si géingen gäer rem komm. Vläicht gesin mir demnächst en oder den anner an énger vun eisen Ekippen. Am Groussen an Ganzen war et eng flott an interessant Erfahrung fir béid Säiten.

Op dem réng sportlechen Plang war et en Weekend mat gemeschten Gefiller. Während all éis Jugendekippen gewonn hun, hun éis Damen an Hären missten eng Défaite anstiechen. Eis Minis iwerrennen Kayl mat 92 – 20. Eis Cadettes gewannen an engem enken Match mat 54 op 50 am Préizerdall. D’Schierener Cadets schloen hier Alterskollegen vun Miersch mat 76 op 46. Dest ass déi 3t Victoire an 3 Matcher fir des Ekipp

Eis Damen verléiren géint Woltz mat 49 op 72, nodeems si den éischten Véirel komplett verpennt haaten. Och éis Hären koumen schwéier aus den Startbléck: si hun den ganzen Match iwer engem Réckstand missen hannendrun laafen. Hinnen gelengt et puer Minuten firun Schluss nach enmol op 2 Punkten runzekommen. Allerdéngs brengen si et net färdeg den Match ze kippen, sou dat och si sech géint Woltz mat 60 op 66 mussen geschloen gin.

 

img_0482 img_0483 img_0484 img_0485 img_0486 img_0487

Share

Flüchtlingdag + Season Opening

Den Samsden, 8. Oktober invitéiren d’Black Frogs Schieren op hier éischt Heemmatcher vun hieren Seniors-Ekippen. Am Nometten organiséiren mir en Schnuppertraining fir Flüchtlingskanner.
Programm:
14h30: Schnupper-Training fir Flüchtlingskanner.
16h30: Minis-Match: Schieren – Kayldall
18h30: Dames-Match: Schieren – Wiltz
20h30: Seniors A-Match: Schieren – Wiltz
Kommt alleguer d’Black Frogs bei hieren Matcher ennerstetzen an un deser kultureller Rencontre deelhuelen.
image1-2
Share

Elsässeschen Owend

Wi all Joer organiseiert den BBC Black Frogs Schieren hiren traditionellen Elsässeschen Owend zu Schieren an der Buvette! Dest as Freideg, den 13. November ab 19:00 Auer. Um Bild kennt Dir Irch iwwer den Menu informéieren. Wanns Dir interesséiert sidd, mellt irch un bis spéidsdens den 9. November um 621270069!

IMG_8345-0.jpg

Share